Wee si mir?


Ech sinn d’Nicole an ech bewirtschaften ee landwirtschaftleche Betrib, woubäi meng Haaptaufgab de Management vun eise Méilechkéi ass. Zënter 2010 sinn ech nieweberuflech Ersatzléierin fir d’Grondschoul vun de Zyklen 1-4.

Ech leeden de pädagogesche Bauerenhaff “ An Hecken”. Dobäi kann ech meng 2 Beruffer matenee verbannen: d’Landwirtschaft an d’Pägagogie. Et ass mäin Zil, mäin Haff op ze maache fir all Mënsch deen un der Landwirtschaft interesséiert ass, deen e puer Stonnen an der Natur an am Kontakt mat eisen Déiere verbrénge wëll, deen entdecke wëll wou eis Liewensmëttel hier kommen ... Ausserdeem sinn ech  ausgebilte Landschaftsgäertnerin. A menger Fräizäit ginn ech gär lafen oder Mountainbike fueren, mat menge Lamae wanderen oder einfach nëmmen an der Natur chillen.


Meng Schwëster Sylvie ass Léierin am éischten Zykel zu Habscht an ass de kreativen a pädagogesche Beroder u menger Säit. Mat senger joerelaanger Erfahrung, weess hat genau, wat d’Kanner bei enger Visite op eisem Haff brauchen a wëllen.


Zesummen hu mir eng beruffsbegleedend ISAAT-zertifizéiert Ausbildung fir déieregestützt Therapie mat Lamaen an Alpakaen (AATLA) absolvéiert. Mir hunn dobäi geléiert wéi wäertvoll den Ëmgank mat Déieren am Allgemengen a mat Lamaen am Spezielle fir all Mënsch ass. Mir wëllen dir d’Geleeënheet ginn déi positiv Effekter déi de Kontakt mat de Lamae bewierkt, selwer ze entdecken.


Mir haten als Kanner déi grouss Chance um Bauerenhaff vun eisen Eltere grouss ze ginn. Mir hunn do, mat alle Sënner, geléiert, entdeckt, erlieft, eis an der Natur beweegt, geklomm, Téitsche kritt, ... all méiglech Erfahrunge gemeet, all Kompetenzen afgedeckt! Vill Kanner hunn dës grouss Chance hautdesdaags nit méi. Mat eisem pädagogesche Bauerenhaff wëlle mir ville Kanner an och den Erwuessenen eng Méiglechkeet ginn, déi schéin Erfahrungen an Erliefnisser ze maachen, déi mir als Kanner maache konnten.